Good Idea vun haut
America Today"Street" an "College": De Kleederstil vu jonken Amerikaner ass elo mat "America Today" och zu Lëtzebuerg ukomm! Déi Trendmark, déi zënter 1989 an e puer europäesche Länner präsent ass, huet viru kuerzem hiert éischt Geschäft zu Lëtzebuerg opgemaach. Op zwee Stäck kritt Dir Dammen- an Häremoud gebueden, fir Häre bis d'Gréisst XXL. D'Marke bei "America Today": America Today, Converse, Jake Fischer, Russel Athletic an 100% true. Kommt dach mol laanscht kucken a léiert déi sympatesch Equipe kennen, déi Iech gäre beréit!
Weiderliesen >
Good Idea vun haut
Glacismaart – Op Aromatour mat de Lëtzebuerger JonggäertnerMaacht Iech op eng aromatesch Entdeckungsrees a gitt Interessantes iwwer Kraider a Planze mat aussergéwéinlechen Arome gewuer! De Lëtzebuerger Jonggäernterverband ass beim nächste Glacismaart den 20. Mee op Besuch! Wat do ënner anerem ugebuede gëtt: Degustatioun vu Kraiderproduite wéi Brout mat Bärlauchbotter oder Brout mat Brennnesselspâté! Fir Info: De Glacismaart ass dee gréisste Maart vu Lëtzebuerg mat ronn 100 Maartstänn, déi Iech eng ganz Rei vun ënnerschiddleche Produiten ubidden: Floumaartartikel, Planzen, Blummen, frësch Produiten aus der Regioun, Textilien, Liederwueren an Deko-Artikel. De Glacismaart ass all drëtte Sonndeg am Mount vun 10.00 bis 17.00 Auer um Glacis an der Stad. Déi nächst Rendez-vouse sinn de 17. Juni, de 15. Juli, de 16. September, den 21. Oktober an den 18. November.
Weiderliesen >
Good Idea vun haut
Design fir d’Geschäft – Méi schéin akafenEgal, ob beim Akafen, beim Iessen oder bei engem Glas Wäin an enger Bar, de Kader muss stëmmen. Et hänkt ganz vill vum Innendesign vun de Geschäfter, Restauranten oder Baren of, ob een sech do wuel fillt oder net. Wien am Grand-Duché ënnerwee ass, stellt séier fest: Wat den innovativen Design an de Geschäfter ubelaangt, sinn d'Lëtzebuerger ganz mat vir bäi! Qualitéit a Service ginn hei ganz grouss geschriwwen: Dat spigelt sech an der zäitgenëssescher Gestaltung vun de Verkafsflächen. Sou gëtt Akafe fir Iech als Client zum Design-Erliefnes! Dass Kreativitéit an Innovatioun zu Lëtzebuerg op engem héijen internationalen Niveau leien, weist de Concours "Commerce Design Luxembourg", dee vum Geschäftsverband vun der Stad Lëtzebuerg (UCVL) organiséiert ginn ass. Vill vun de Gewënner vun dësem Concours si scho méi laang op eisem Blog präsent. Maacht Iech dach einfach mol op eng virtuell Entdeckungsrees a kuckt Iech eis Tuyauen un- iwwregens net nëmme fir d'Stad Lëtzebuerg!
Weiderliesen >
Kleeder
Nei Ettelbréck
Ettelbréck, dat Geschäftszentrum am Norde vu Lëtzebuerg, wou ëmmer eppes lass ass, organiséiert all Joer am Fréijoer e Volleksfest vun dräi Deeg mat engem faarwegen Animatiounsprogramm a mat vill Live-Musek. Vum 18. bis den 20. Mee ass et nees sou wäit!
E Freideg de Mëtteg um 17 Auer ass Ouverture, vun 18 Auer u gëtt et bei der Happy Hour reduzéiert Präisser! D'Geschäfter op der Plaz sinn och e Sonndeg, den 20. Mee vu 14 Auer un op. Schéine Weekend zu Ettelbréck!
MOBILITÉIT
Fir dass Äre Shopping-Dag sou agreabel wéi méiglech gëtt, informéiert Iech hei iwwert all d'Méiglechkeeten,
fir zu Lëtzebuerg mobil ze sinn.
SHOPPING MAP
Dir sidd op der Sich no enger gudder Iddi, engem
Geschäft oder no enger Méiglechkeet, Är Fräizäit ze gestalten? Da luet Iech hei eis Kaart vu Lëtzebuerg erof.
KONTAKT
Eng Fro? Eng Suggestioun?
Schreift eis hei!
Geschäftsleit, Handwierker, Restaurateuren, wann Dir Är Aktivitéit zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun wëllt bekannt maachen, dann entdeckt hei eise Business-Beräich a schreift Iech gratis an!