Abbé Patrick Muller

Abbé Patrick Muller 1

Wat bedeit d’Schueberfouer fir Iech perséinlech?

Si ass definitiv dee gréissten Evenement vum Joer zu Lëtzebuerg! Eng Zäit mat vill Freed a besonnesch och eng Zäit, Frënn ze treffen.

Wéi laang schafft Der schonn op der Schueberfouer a wat genee ass Är Aufgab?

Ech sinn zënter 11 Joer Geeschtlechen op der Schueberfouer a sinn och fir d’Kapell um Glacis zoustänneg. Do versichen ech, d’Leit gutt z’empfänken. Als Fouer-Kaploun halen ech z. B. de leschte Freideg vun der Kiermes eng Mass fir d’Forainen. Ech hunn ëmmer en oppent Ouer fir si an natierlech och fir all Visiteur. D’Kapell ass samschdes bis zéng Auer owes op. Aktioun „oppe Kapell“ nennt sech dat. Iwwregens gëtt et „d’Plaz“ vum Geeschtlechen op der Fouer zënter de 70er Joren. Deemools huet d’Kierch zesumme mat den Awunner vum Lampertsbierg d’Kannerbetreiung während der Kiermes iwwerholl. Haut këmmere sech d’Stad an de Ministère dorëms.

Wat ass déi gréisst Erausfuerderung an Ärem Aarbechtsberäich?

Et muss ee fir s’alleguer gläichzäiteg do si resp. fir jiddereen do sinn. Wann et Problemer ginn, gëtt den Toun ënner de Forainen och schonn emol méi rau. Wann ech dobäi sinn, gi se dann an der Reegel méi roueg. Ausserdeem komme vill Leit wuel nëmme während der Fouer mat der Kierch a Kontakt. Dat ass sécherlech och eng Erausfuerderu ng.

Kënnt Der Iech u besonnesch schéin oder och kuriéis Erliefnesser erënneren?

2009 konnte mer zesumme mat de Forainen eng Kierchefënster fir d’Glacis-Kapell kafen. Dat beweist, datt hinne wierklech eppes un der Kierch läit, a mech huet et natierlech immens gefreet. Den offizielle Fouer-Tour ass all Joer erëm spannend … fir mech just iergendwéi eng Mëschung aus Angscht a Spaass, well fir op dat eent oder anert Spill ze goen, do muss ee sech schonn iwwerwannen.

Wéi gesäit Ärer Meenung no de perfekten Dag op der Schueberfouer aus?

Dozou gehéiert d’éischt emol gutt Wieder: 20 bis 25 Grad a Sonn. Ech fänken d’Schueberfouer am léifste bei engem Stand mat Gedrénks un – souzesoe mat engem Fouer-Aperitif. Da mat Frënn iwwer d’Kiermes trëppelen an op kee Fall d’Riserad ausloossen. Dat ass nämlech fir mech wuertwiertlech dat „Gréisst“! A wann um Enn dann alles ouni Accident iwwer d’Bühn goung, da war et wierklech perfekt.

D’Schueberfouer an engem Saz …

Déi perfekt Geleeënheet, Frënn ze treffen a Frëndschaften ze verdéiwen!




Besicht de Grand-Duché