24 aug 2011

Auchan Drive

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Dir sidd gestresst? Aarbecht, Kanner, Stot – do bleift net méi vill Zäit fir aner Saache Rescht. Ma elo loosse sech op d’mannst déi deeglech Kommissiounen a kuerzer Zäit maachen.

AuchanDrive.lu bitt iwwer Internet ronn 12.000 Artikelen un, déi ee kamoud per Klick ka bestellen an dann an ee vun den zwéi Logistikzentren, Cloche d’Or (1, rue Frédéric-Guillaume Raiffeisen, 2411 Luxembourg) oder Mënsbech, ka siche goe. Dat gëtt et ze kafen: Produkter fir den deegleche Bedarf, wéi Der se an engem Liewensmëttelgeschäft fannt, Drogerie- a Parfumeriesartikelen, frësch an déifgekillte Wuer, Uebst a Geméis, Fleeschprodukter, Brout a Gebäck, Bioprodukter a méi wéi 1500 Wäiner a Spirituosen.

Bei der Online-Bestellung gëtt een un, wéini ee seng Bestellung wëll siche kommen. Bezuelt gëtt per Bankkaart. Soubal Der am “Drive” ukomm sidd, kritt Der Är Saache bannent 5 Minutten bei den Auto bruecht, propper verpaakt a sougenannten Driveboxen.

Dir musst doheem just nach alles an de Frigo raumen!

Good Idea : Dëse Service vun Auchan Drive kascht näischt an Dir musst och net e bestëmmte Minimum un Artikele bestellen. Onkomplizéiert an nëtzlech: Dat kéint en neien Akafstrend sinn!

Auchan Drive


36, rue Gabriel Lippmann
5365 Munsbach

 26 75 00 80 00

 claudiaschmidt@auchandrive.lu
 
 méindes bis freides vun 7 bis 21 Auer samschdes vun 8 bis 20 Auer sonndes vun 9 bis 13 Auer
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch

Sicht Äre Shopping-Dag zu Lëtzebuerg eraus!
AGENDA Mobilitéit

Publicité

Besicht de Grand-Duché www.ont.lu