23 Aug 2012

Bouneweger Stuff

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Et gouf vill gehummert a geschrauft, a virun e puer Woche war et souwäit: de klassesche Bistro um Eck, d’Bouneweger Stuff, straalt an neiem Glanz. Zanter Joerzéngten trëfft ee sech hei zu Bouneweg bei engem Glas Béier oder Pättche Wäin a gëtt sou niewelaanscht dat Neist aus dem Quartier gewuer.

D’Bouneweger Stuff ass méi wéi just en einfache Bistro um Eck: An dëser ongezwongener Atmosphär fillt ee sech wéi doheem. Hei gëtt et eng jett Zorte Béier, ma och Wäiner, Soft-Gedrénks an Iessen, dat mat Produiten aus der Groussregioun an/oder aus biologeschem Ubau resp. biologescher Produktioun preparéiert gouf.

Et gëtt eng Keelebunn an de WiFi steet gratis zur Verfügung. Fir Fëmmerte ass e Raum do, fir a Rou eng ze raachen, am Rescht vun der Bouneweger Stuff gëtt net gefëmmt.

Good Idea : Wie wëll, ka sech e Gesellschaftsspill ausléinen; fir deen, dee léiwer liest, läit eng Rëtsch Bicher do.

Bouneweger Stuff


1, rue du Cimetière
L-1338 Luxembourg

 +352 49 68 06

 info@bounewegerstuff.lu
 
 Denschdes bis samschdes vun 11.30 bis 1.00 Auer. Sonndes vun 10.00 bis 23.00 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 1 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

  • Violette: 2014-02-04 17:00:12
    L'ambiance est cool avec ce décor d'école maternelle. Le brunch est sympa mais le prix est quand meme assez élevé pour ce qu'on a dans l'assiette! Celà dit c'est plutot bon!
Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché