22 Nov 2010

Brasserie du Cercle

vun Good Idea | 3 commentaire(n) Ech sinn de CommerçantUpdate

 Dir sitt ee Fan vun der Plëss: dann ass déi nei Brasserie du Cercle ganz genau dat richtegt!

Dësen neien Design Restaurant ass op der Plëss, wéi den Numm et verréit, direkt niewent dem Cercle. Hei gëtt et traditionell Pizzaen, franséisch a lëtzebuergesch Spezialitéiten. Den Interieur gouf vum Pierre Dillenbourg entworf, deen dir vun der lëtzebuergescher Televisioun kennt.

Good Idea : Am Summer kënnt dir 25 verschidden Zorte vu Glace am Cornet oder an der Coupe bei der Brasserie du Cercle genéissen.

Brasserie du Cercle


2A, rue des capucins
L-1313 Luxembourg

 47 45 12
 22 25 50

 contact@brasserie-du-cercle.lu
 
 All Dag vun 10.00 bis 24.00 Auer
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 3 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
3 commentaire(n)
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

  • Antonia: 2016-03-12 10:51:10
    Ich war jetzt 3mal in diesem Speiselokal 3mal eine Enttäuschung.Nicht zu empfehlen!!
Kommentéieren

*obligatoresch

  • Frutz: 2011-02-14 10:52:46
    Ech kann dem Lucien net zoustemmen. Ech war läschten Samsden mat engem Kolleg an der Brasserie du Cercle. Mir haaten net reservéiert, krutten awer ee flotten Desch. Déi zwou Zaloten waren exzellent. An de Service war och séier a ganz fein. Villäicht hat de Lucien, jo ee schlechten Daach erwëscht.
  • Freylinger Lucien: 2011-02-13 22:25:07
    Fänken ma mat de guddn Saachen un. Nice location an e personal daat letzeburgesch schwätzt. MEE:
    En Desch fir 2 reserveieren brengt neicht well et gett een am Endeffekt net gefroot op een reserveiert haat. Argattert een dann dach nach en gedeckten, reserveierten Desch (well een den serveur drop opmierksam gemaach huet) kennt eng Fra dohier getreppelt vun deier ech mol behaapten geng se fir d'Besetzerin, well fiergestallt huet se sech net, an verlqangt vun ons en aaneren Desch auszewielen. Emmerhin hätte ma net DEEN Desch reserveiert!! Pardon??? Ech sin bei menger Reservation keen bestemmten Desch gefroot gin!

    Endresultat: ongedeckten Desch, 15 min bis dass ma gefroot gi sin op ma en Appero weilten, beim Haaptmenu brauch een anscheinend nicht ze drenken, Fleesch sicht een enner dem Bierg vun Zapot an Pizza waar net duerch. Mee gott sei dank haaten ma en Desch bei da Entree sou dass ma duerch den Duerchzuch weinstens eng Gripp hun.

    Null!!! Toufistenbuud mat scheinem Interieur an mei net
  • GEORGETTE GOERGEN: 2010-10-22 16:18:47
    flott Plaatz fir a gudde Maufel



Besicht de Grand-Duché