12 Mar 2015

Britesch Gemittlechkeet am “George and Dragon”

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Mir schreiwen dat 12. Joerhonnert: Den Hellegen George rett ganz couragéiert seng Stad a Prinzessin virun dem Draach, dee Feier späitzt. Den Numm vum Pub “George and Dragon” erënnert un dës Geschicht an ass selwer zënter ville Joren eng Institutioun, wann et ëm britesch Gemittlechkeet geet.

Dat uregt Haus mat hëlzenen Dunnen, engem stengene Kamäin an enger (räichhalteger) Bar kéint sou munchereen un seng Vakanzen a Groussbritannien erënneren. Am “George and Dragon” kritt Dir britesch Spezialitéiten ugebueden: z.B. Fish&Chips oder e gehäerzent English Breakfast.

Fir da wéinstens usazweis déi frësch Kalorien nees ze verbrennen, kann een eng Partie Billard oder Dart spillen. Mee Haaptsaach, et mécht Spaass! Am Summer kann een och op der Terrass sëtzen. Parkplaze ginn et der genuch an de Pub ass mam ëffentlechen Transport liicht ze erreechen.

Good Idea : Dir plangt e Fest? Am Partyraum vum "George and Dragon" ass Plaz fir bis zu 75 Leit a fir de Catering ass gesuergt.

George and Dragon


271, rue Albert Unden
L-2652 Luxembourg

 +352 47 41 86
 +352 22 04 69

 info@georgeanddragon.lu
 
 Méindes bis freides vun 11.45 bis 1 Auer, samschdes vun 19 bis 1 Auer, sonndes vun mëttes bis Mëtternuecht.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché