19 Jun 2012

Café Downtown

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Wéi den Numm et scho seet: Den “Downtown” läit matten am Häerz vun der Stad Lëtzebuerg. E moderne Kader, eng entspaanten Atmospär an eng breet Offfer : Sou huet sech dee branchéierte Coffee Shop als Treffpunkt fir all d’Generatiounen etabléiert.

Studenten, Touristen, Geschäftsleit … am “Downtown” genéissen si déi agreabel Säite vum Liewen an der Stad: Moies de Kaffi mat Donuts a Bagels, mëttes Zaloten, an och eng grouss Auswiel u libanesche Wäiner a Cocktailen.

Wann d’Wieder schéin ass, kann een dat iwwregens och op der Terrass maachen, vun där ee wonnerbar d’Liewen an der Geschäftsstrooss laanscht sech zéie ka loossen.

Good Idea : Coffee Shop am New Yorker Stil, ee Muss fir eng Paus tëschenduerch!

Café Downtown


12, rue Chimay
1333 Luxembourg

 +352 26 20 37 07

 
 Méindes a denschdes vun 9.00 bis 22.00 Auer, mëttwochs bis samschdes vun 9.00 bis 22.00 Auer, sonndes vun 14.00 bis 19.00 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 1 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

  • Stéphanie: 2012-06-20 12:17:37
    Cool !!
Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché