12 Jul 2013

Cult-Express

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Dat ass en, de Cult-Express! Nom Crémant “Cult” aus dem Haus Domaines Vinsmoselle genannt mécht dësen neie Won vu Sales-Lentz vun der Kategorie “Disko-Bus” sengem Numm all Éier a versprécht kulteg Owender.

Aus engem einfachen Ziehharmonikasbus ass eng edel Lounge-Bar mat HighTech Equipement ginn. Luxuriéis, elegant a mat klore Linne bezaubert den Interieur vum éischten Ablack un. Lounge-Eck, Danzpist a Bar suergen dofir, dass all Mënsch sech hei wuel fillt.

Egal, ob et fir e prestigéisen Owend ass oder fir onvergiesslech Momenter mat Frënn an Aarbechtskollegen, oder fir Geschäftsleit, déi d’Presentatioun vun hirer Entreprise, Workshoppen oder och Ausstellungen an engem originelle Kader organiséiere wëllen -de Cult-Express dierft sech séier zu enger vun de kultegste Plazen, fir Party ze maachen, mauseren.

Good Idea : Dësen e wéineg anere Bus ass equipéiert wéi eng Disco an an der Bar gëtt et natierlech gekillte Crémant!

Cult-Express


4, rue Laangwiss
L-4940 Bascharage

 +352 26 65 11

 
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché