14 Jan 2013

Dean

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Den “Dean” am branchéierte Partyvéierel Rives de Clausen ass en Hommage un den Dean Martin, den US-amerikanesche Sänger, Schauspiller an Entertainer, deen 1955 gestuerwen ass. International wéi och lokal Gäscht schätzen dee besonnesche Flair am “Dean”: Eng Bar am modernen Design, déi hirem Numm all Éier mécht, dann e Raum am 50er a 60er Jore-Stil wéi och eng wonnerschéin Terrass, vun där aus ee Summer wéi Wanter de Bléck op d’Uelzecht ka genéissen.

Freides dréit sech am Kader vun “Friday Drinks” alles ronderëm ee speziellen Drink , dobäi gëtt et bescht Club Sounds. Samschdes stinn dacks Evenementer mat House am Mëttelpunkt um Programm. All aktuell Infoen zu de Manifestatioune fënnt een op der Facebook-Säit vum Dean. A wann et mol eng Kéier e bësse méi exklusiv soll sinn, da bitt den Dean ënnerschiddlech VIP-Packagen un (Locatioun vun de Raimlechkeete fir Privat- a Betribsfeieren, Catering, …)

Good Idea : Am Dean gëtt Sport grouss geschriwwen  : Mat modernster Technik gi vill Sportsevenementer iwwerdroen.

Dean


48, Montée de Clausen
L-1343 Luxembourg

 
 Denschdes bis freides vun 17 Auer un. Samschdes a sonndes vun 15 Auer un.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 1 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché