13 Jul 2015

E kräftegen Espresso a séiss Schneekereien … Mamma mia!

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

An der Stad ënnerwee a Loscht op eng kleng Paus an engem sympathesche Kader? D'”Casa del Caffè” ass eng kleng Oas am Bannenhaff vum Supermarché Alima. Mir hunn et zoufälleg endeckt a waren direkt ewech : Den italienesche Flair huet eis et ugedoen!

E kräftegen napolitaneschen Espresso, dobäi eng séiss Schneekegkeet aus dem Haus Luigi Biasetto (Weltmeeschter op seng Manéier, am italienesche Padua doheem). D’Cannoli Sicilini, e Gebäck mat Ricotta-Fëllung, sollt Der op alle Fall probéieren. D’Croissante ginn all Moien op der Plaz mat italienescher Crème gefëllt. Fänkt emol Ären Dag mat engem Cappuccino op déi italienesch Manéier un. An der Mëttespaus komme vill Clienten op e séiere Kaffi laanscht, well et onkomplizéiert a sympathesch ass.

Nomëttes trëfft een sech an der Casa del Caffè fir eng Glace. D’Glacë ginn ouni Mëllech an Zocker, dofir awer mat Olivenueleg gemaach. Italienesch Kaffiskultur fir doheem gëtt et och: Kaffi, Tasen, Espressosmaschinnen … Bella Italia in Lussemburgo!

Good Idea : Och wann et zu Lëtzebuerg seelen sou waarm gëtt wéi an Italien, fir d'Summerspezialitéiten "Espressino freddo" mat Mandelsirop geet et ëmmer duer! Alles natierlech och fir matzehuelen!
D'Casa del Caffè bitt Macaronen ouni Gluten un.

Casa del Caffè


11, avenue Porte-Neuve
L-2227 Luxembourg

 +352 691 313 299

 Dscommerce71@gmail.com
 Méindes vun 11 bis 18 Auer. Denschdes bis samschdes vun 8 bis 18 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

  • Sebastian: 2015-07-16 10:44:37
    Dort bekommt man wirklich exzellenten Kaffee! Der Espresso ist stark und unheimlich aromatisch! Nicht mit Kaffee aus Vollautomaten zu vergleichen.
Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché