13 Jan 2016

Éischte Lëtzebuerger “Starbucks” ass um Findel opgaangen

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

De Wee vum éischte Starbucks, deen 1971 zu Seattle opgaangen ass bis bei déi éischt Lëtzebuerger Filial war fir vill Fans (gefillt) laang. Zënter Januar 2016 ass et elo souwäit: Am ëffentlech zougängleche Beräich vum Findel kënnt Dir vun elo un déi beléift Kaffisspezialitéite genéissen.

Vum “Caffè Americano” iwwer “Chocolate Mocha” bis bei d'”Flavored Latte”, déi grouss Auswiel un Téi an divers Zorte vun “Frappuccinos” bleiwe keng Wënsch op. Ausserdeem ginn et gehäerzten a séiss Saache fir ze iesse wéi Bagelen, Sandwichen, Muffinen, Kuch a Pâtisserie. D’Starbucks-Gefill kritt Dir gratis derbäi…

Et soll awer net bei enger Filial bleiwen: op der “Aire de Berchem” op der Autobunn ass och e Starbucks opgaangen, a wann een den hallefoffiziellen Annoncë ka gleewen – bal och an der Stad.

Good Idea : E grousse Plus fir d'Qualitéit vum Openthalt um Lëtzebuerger Findel - net nëmme fir d'Fluchgäscht!

Starbucks Aéroport de Luxembourg


B.P. 635
L-2016 Luxembourg

 +352 24 64 0

 Starbucks.Luxembourg@ssp-lu.com
 
 Méindes bis sonndes vun 5 bis 21 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché