04 Nov 2011

El Cafetin Buenos Aires

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Argentinien ass wäit ewech, mee argentinesche Flair kann een och zu Lëtzebuerg erliewen. “El Cafetin Buenos Aires” orientéiert sech um Stil vun de Caféen aus der argentinescher Haaptstad.

E frëndlechen Dekor mat waarme Faarwen, vill südamerikanesch Impressiounen un de Maueren an en häerzleche Service: an dësem Kader kann een argentinesch Spezialitéiten a Wäiner genéissen.

Natierlech gehéiert argentinescht Rëndfleesch derzou, mee och speziell Desserte wéi zum Beispill “Duo de Alfajores”, wat extra fir El Cafetin importéiert gëtt. Den aktuelle Menu du jour fënnt een op der Internetsäit vum Café. Fir d’Gäscht sti véier verschidde Beräicher zur Verfügung: Am Rez-de-chaussée de Barberäich a fir de Summer eng schéin Terrass, um éischte Stack e grousse Beräich mat oppenem Kamäin, um zweete Stack e Konferenzsall.

Good Idea : E gutt (a grousst) Stéck Argentinien: 1.200 Gramm gegrilltent Rëndfleesch fir véier Persounen.

El Cafetin Buenos Aires


18, rue des Capucins
1313 Luxembourg

 26 20 36 83

 cafetin@pt.lu
 
 Méindes bis samschdes vun 11.00 bis 14.30 Auer. Mëttwochs an donneschdes och vun 18.00 bis 23.00 Auer. Freides bis samschdes vun 18.00 bis 23.30 Auer. Sonndes zou.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

  • crazy_powerwoman: 2013-08-23 11:37:22
    J'ai y mangé avec une amie ou mon copain déjà plusieurs fois, et j'ai jamais été déçue. Les serveurs/serveuses sont gentils et aux petits soins. Bon petit bémol, les boissons sont pas données et les verres ne sont pas copieusement remplis, mais peu importe, la Lasagne végétarienne ou le Filet de Boeuf argentin valent le détour. Depuis que j'y ai mangé, j'ai jamais découvert meilleur de Filet de Boeuf argentin. Désolée, les autres restaurants n'en voudront sûrement! A recommander à toutes vos connaissances:-)
Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché