10 Apr 2013

Golden Bean

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

D’Kaffisboun steet bei “Golden Bean” am Zentrum vum Interessi! An dësem sympathesche klenge Café kann een net nëmme Kaffi an de verschiddenste Variatiounen drénken, mee es och kafen. E Kaffiserliefnes an e puer Dimensiounen ass garantéiert: fillen, richen, schmaachen…

Déi kompetent Equipe vu Golden Bean kläert Iech gär iwwer d’Origine an d’Veraarbechtung vun de Bounen op. D’Wuer gëtt exklusiv direkt bei de Kaffisbauere akaf. Héich Qualitéit a Fairness beim Handel si wichteg Pilieren am Golden Bean-Konzept. Fir sech dovun ze iwwerzeegen, bestellen d’Bedreiwer vu Golden Bean d’Kaffien direkt op der Plaz. Geréischtert gëtt zu Lëtzebuerg.

Fir Kaffis-Experten a souer, déi et gär géife ginn, ass Golden Bean also eng spannend nei Adress!

Good Idea : Bei Golden Bean kënnt Dir Kaffisspezialitéiten op der Plaz genéissen oder frësch geréischtert Boune mat heem huelen.

Golden Bean


23, rue Chimay
L-1333 Luxembourg

 +352 26 20 36 60

 goldenbean@live.com
 
 Méindes bis samschdes vun 7 bis 19.30 Auer. Sonndes vun 10 bis 18 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 1 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

  • Alfred Janke: 2013-04-18 13:05:04
    Echt cooler Coffeeshop! Super Bedienung und originales Konzept. So etwas fehlte hier in Luxemburg.
Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché