22 Oct 2015

Gutt Iessen a Partyspaass am “Hitch”

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Iessen a Feiere kombinéieren: Dat ass lo och ënnen um Lampertsbierg an der Stad méiglech. Zënter Mäerz hunn d’Gerantë vun der Mierscher “Fabrik” en neie Restaurant mat dësem individuelle Konzept opgemaach. Am “Hitch” herrscht Loft-Flair; et gëtt keng Oftrennung tëscht Bar a Restaurant. Dir kënnt awer och op de grousser Terrass sëtzen. D’Käch fänken um 11 Auer mat hirer Aarbecht un a si bis owes spéit fir Iech do!

Hei kritt Dir onkomplizéiert modern Platen a Lëtzebuerger Spezialitéiten: D’Kaart geet vu liichten Zaloten iwwer “Bouchées à la reine” bis bei de säftege Burger oder eng knuspereg Pizza. Mir hunn de Pizza-Burger getest… immens gutt! Och Veganer a Leit, déi op verschidde Liewesmëttel allergesch sinn, musse keng Kompromësser maachen: Si kréien hei zum Beispill Nuddelplaten ouni Gluten.

Owes weist den Hitch dann seng richteg (Party) Qualitéiten… da verwandelt sech dëst Trendlokal an e Club, an deem bis zu 300 Leit danzen a feiere kënnen. Den Hitch ass also eng wierklech gutt Iddi, fir aus dem Beruffsalldag auszebriechen.

Good Idea : Nieft dem ofwiesselungsräiche Manifestatiounskalenner kënnt Dir den Hitch och fir Är eege Party buchen. Den ofgetrennte Food-Corner, en Deel vum Sall oder de ganze Sall kritt Dir ze lounen.
Bestellt Äert Iessen online (oder iwwer Telefon) an den Hitch liwwert Iech et  ganz bequeem heem (vun Oktober un!).

Hitch


21-25, allée Scheffer
L-2520 Luxembourg

 +352 27 40 21 25

 hello@hitch.lu
 
 Méindes bis donneschdes vun 11 bis 1 Auer. Freides a samschdes bis 3 Auer. Sonndes bis 1 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché