27 Apr 2017

Jonk Cafékultur op alem Schmelzterrain

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Am Schiet vun den ale Schmelziewen an tëschent Gebaier vu Finanz- a Fuerschungsinstituter huet sech den “Monument’s Café” néiergelooss. Stilecht an engem zylinderfërmege Bau aus Metall ënnerbruecht , füügt et sech perfekt an déi alindustriell Landschaft an a bitt dobäi nei Méiglechkeeten, fir eng gemittlech Paus anzeleeën. A schicke Fotelle sëtzt Dir bei klenge Feierplazen. Eemol Entspanen, wann ech gelift! Dat klengt Gebai staamt iwwregens aus Italien. Hoffentlech etabléiert et vill vun italienescher Open Air-Cafékultur zu Esch/Belval.

D’Viraussetzunge stëmmen: E klassesche Choix u Gedrénks erwaart Iech, dobäi en Drëppesortiment, aus Lëtzebuerger Friichten hiergestallt. Och ze fanne sinn ënner anerem fënnef Lëtzebuerger Béierzorten. Mëttes kritt Dir hausgemaachte Plate wéi Zopp, Plat du jour a séiss Sënnen. Genéisst och déi all Dag frësch gepressten Uebst- a Geméisjusen, z.B. vu Roude Rommelen, Muerten a Kornischongen. Nomëtttes vu 4 Auer u begleet Iech douce Lounge-Musek lues an de Feierowend. Och Happy Hours stinn um Programm.

Good Idea : Hei kënnt Dir Är Mëttespaus beim oppene Feier verbréngen oder och lecker Plate mat heemhuelen.
Probéiert déi aus Lëtzebuerger Friichte gemaachten Drëppen.

Monument’s Café


10, avenue du Rock n’Roll
L-4361 Esch-sur-Alzette

 +352 26 17 67 53

 info@monumentscafe.lu
 Méindes bis freides vun 7 bis 19 Auer. Samschdes a sonndes vun 9 bis 19 Auer. An der Summerzäit bis 23 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché