14 Nov 2014

Konrad

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

“Konrad” ass en absolute Geheimtipp, deen an der Uewerstad situéiert ass. Zënter e puer Joer etabléiert, huet een elo d’Konzept e bësse geännert, d’Lokal an och d’Offer vergréissert. An dësem frëndleche Bar-Café treffen sech all méiglech Leit a verbréngen do hir Zäit an enger entspaantener Atmosphär.

Et ass e Café-Stil, deen een aus Stied wéi Berlin, Paräis oder Bréissel kennt an deen an der Lëtzebuerger Haaptstad leider nach net sou dacks vertrueden ass. Mee wie sicht, dee fënnt! An der Kiche vum Konrad leet ee Wäert op d’Verschaffe vu lokalen a saisonale Produiten. Offréiert ginn: déi bescht Kaffien, Téi, verschiddenst hausgemaachte Snacken, Gourmetssandwichen, Quichen, Kuchen … Zäit fir ze relaxen? Zäit fir Konrad!

Good Idea : All Dag steet eng nei, frësch preparéiert Zopp um Menü.

Café Konrad


7, rue du Nord
L-2229 Luxembourg

 +352 26 20 18 94

 
 Méindes bis donneschdeg vun 10 bis 24 Auer. Freideg a samschdeg vun 10 bis 1 Auer. Sonndes von 11 bis 24 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 1 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

  • Serge: 2012-01-16 14:27:01
    I agree!
  • Loggi: 2012-01-12 17:47:12
    the best bar in town, ladies and gentelman
Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché