17 May 2013

Le Zanzen

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Sief et gemittlech fir den Tea Time am Nomëtteg, als relaxe Start an de Feierowend beim After-Work oder voller Partylaun fir den After -Dinner: Le Zanzen an der Stad ass méi wéi einfach nëmmen e Bar-Restaurant. De Bar bitt eng grouss Auswiel un oppene Wäiner a Schampes-Zorten, déi Dir z.B. beschtens mat der “Zanzen-Assiette” oder e puer Tapas kombinéiere kënnt. Amateure vu Whiskey kommen och op hir Käschten.

An der Kiche vum Zanzen ginn ausschliisslech frësch a qualitativ héichwäerteg Produite verschafft. Am Restaurant kritt Dir zousätzlech zu de Platen op der normaler Kaart e Menu du jour a Spezialitéiten, déi all Woch wiesselen, zerwéiert. Am Summer kënnt Dir Iech et op der Terrass gemittlech maachen – mat Vue op d’Gëlle Fra. A last but not least: De Zanzen bitt Iech fir Är Privatfeiere Plaz fir bis zu 250 Leit.

Good Idea : Ausser méindes organiséiert d'Equipe vum Zanzen all Owend speziell Themen-Evenementer. D'After-Works sollt Der op kee Fall verpassen!

Le Zanzen


27-29, rue Notre Dame
L-2090 Luxembourg

 +352 26 20 18 22
 +352 26 20 18 33

 lezanzen@zanzen.lu
 
 Bar: méindes bis donneschdes vun 10 bis 1 Auer nuechts; freides a samschdes bis 3 Auer. Restaurant: méindes bis donneschdes vun 12 bis 14.30 Auer a vun 19 bis 22.30 Auer; freides a samschdes bis 23.30 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

  • frédérique van tousen: 2013-06-04 17:39:03
    enfin , il était temps , changement de propriétaire...plus d'hystérie dans ce bar , et surtout on peut boire un verre discretement sans que le lendemain , le luxembourg soit au courant......belle ambiance , belle équipe ...le patron très sympathique ...ouff je suis revenue ...
Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché