06 Aug 2015

Mediterrran Kichen a portugisesch Liewensaart am Lisboa II

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Am Restaurant richt et no frësch Gegrilltem, schwaarz-wäiss gekleete Garçonen zerwéiere Fëschspezialitéiten a Mieresfriichten, eeler Häre schluppen un der Bar e staarken Expresso… Wann elo nieft dem Lisboa II net den Traffic géif rauschen, mee d’Mier, da stéing nom Mëttegiesse garantéiert nach e Spadséiergank op d’Plage um Programm. Fotoen an de Säll erënneren un Typesches aus der portugisescher Haaptstad Lissabonn, wéi z.B. den Tram oder déi grouss Bréck.

De Lisboa II gëtt ewell an der zweeter Generatioun geréiert. D’Bridder Michael a Marco sinn houfreg drop, dass hire Restaurant an der Tëschenzäit zu enger richteger Mark ginn ass. Si huelen eis mat op eng kulinaresch Rees duerch Portugal.

De berüümte Porcelet ass eng Spezialitéit aus dem Zentrum vum Land a gehéiert zu den Highlights op der Kaart vum Lisboa II. Berüümt ass de Restaurant och fir seng Bacalhau-Platen: Den traditionelle Fësch gëtt op 20 verschidde Manéieren zerwéiert. Siwen Tonne goufen eleng 2014 verschafft, erzielt de Marco houfreg. Houfreg ass hien och op déi gigantesch Auswiel u Mieresfriichten, déi een op der Kaart ka fannen, dorënner z.B. Mullen oder Gambas.

Am Summer kënnt Dir d’Iessen op der Terrass genéissen, dobanne stinn Iech ausserdeem 3 Säll mat enger Gesamtkapazitéit vun 200 Plazen zur Verfügung. Un der Bar kritt Dir iwwregens och gär “Petiscos”, also portugisesch Tapas , zerwéiert. Wat d’Gedrénkser ubelaangt, do lount sech op alle Fall e Bléck op hir Gin -a Cocktailskaart. Dat kléngt dach alles zimlech no Vakanz, oder? Do feelt eiser Meenung no am Fong just nach de Spadséiergank op der Plage, wéi schonn ugangs gesot.

Good Idea : Mieresfriichten a Bacalhau sinn déi kulinaresch Schwéierpunkte vun dësem Restaurant. Net ouni Grond gouf de Lisboa II schonn zum beschte mediterrane Restaurant vu Lëtzebuerg gewielt.

Lisboa II


90, Dernier Sol
L-2543 Luxembourg

 +352 26 48 18 80
 +352 26 48 18 82

 info@restlisboa.lu
 
 All Dag. Kichen vun 11.30 bis 14.30 Auer a vun 18.30 bis 22.30 Auer. Bar vun 7 Auer bis Mëtternuecht.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché