13 Jul 2012

Rue de la Loge

vun Good Idea | 1 commentaire Ech sinn de CommerçantUpdate

Eng historesch Plaz, déi zwéi Konzepter matenee verbënnt: De “Rue de la Loge” läit am heemlechsten Deel vun der Stad Lëtzebuerg, net wäit vum Palais ewech. Um Rez-de-chaussée fannt Dir e Bistro mat Terrass an um éischte Stack en (Zigaren-)Club. Am Bistro gi Sandwichen a kleng Moolzechten zerwéiert.

D’Kichen ass franséisch a lëtzebuergesch orientéiert. Iesse kann een och wonnerbar op der Terrass um éischte Stack. De Club „Rue de la Loge“ bitt senge Gäscht eng ganz Rëtsch vu Kamoudidéiten (z. B. e Chauffer-Service) – Är Depensë ginn iwwer eng Pre-paid-Memberskaart ofgerechent.

Am “Rue de la Loge” léisst et sech wonnerbar bei beschte kubaneschen Zigaren entspanen!

Good Idea : Wien e Frënd vu kubaneschen Zigaren ass, kënnt am „Rue de la Loge“ voll op seng Käschten!

Rue de la Loge


2, rue de la Loge
1945 Luxembourg

 +352 661 661 222

 Bar/Lounge: denschdes bis samschdes vun 11.00 Auer un. Club: denschdes bis donneschdes vun 17.00 bis 1.00 Auer, freides a samschdes bis 3.00 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
1 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch

  • Danielle: 2012-07-26 14:27:54
    Bonjour ech fannen aer Lounge Bar eng ganz super Idee an denken och drun en Mol bei Iech e gemittlechen Owend ze verbréngen! Ech hoffen Damen sinn och Wellkom. Kenne mech zwar net esou gutt aus mee dat kennt ee jo awer leieren a sinn interesséiert fir bëssi méi iwwert Kultur vum Zigar kennen ze leieren.



Besicht de Grand-Duché