24 Oct 2014

Sympathesche Coffeeshop am Londoner Stil

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Waart Der schonn eng Kéier zu London an engem vun deene sympathesche Coffeeshoppen? Lo ass och Lëtzebuerg prett fir dës entpaant Manéier ze genéissen.

Am “Ready?!Coffeshop” erwaart Iech industrielle Schick mat enger ganz perséinlecher Note vun de Gerantë Yuki a Connie. Dass déi zwee Vëlos-freake sinn, dat mierkt Der sécher ganz séier.

Am flotte Lampertsbierger Quartier an der Stad situéiert huet sech dëse Café séier zum Geheimtipp ënnert de lokalen Awunner gemausert. Well do heescht et einfach sech dohinner sëtzen a sech Zäit huelen. Firwat net och, fir ze schaffen?! Et muss een zouginn, de Risiko ofgelenkt ze ginn ass grouss, well et waarde leckere Kaffi, frësch Jusen, Sandwichen, Zoppen, Kichelcher a villes méi.

D’Yuki an d’Connie preparéiere sou vill wéi méiglech selwer. Wéi mer hinne fir d’éischt begéint sinn, wiere mer am léifsten nach méi laang bliwwen … einfach eng schnuckeleg Plaz.

Good Idea : All éischte Sonndeg am Mount bitt "Ready?!" e Brunchbuffet un, waarmt Gedrénks inklusiv. A Kaffi fir Laangschléifer gëtt et och wietes
Hei ass een och "ready" fir Vegetarier a Veganer. Et gëtt hei ëmmer eng Auswiel vu spezielle Platen.
Souwäit wéi méiglech gëtt et bei "Ready?!" Bio-Produiten a Lokales. Geméis an Uebst kënnt jee no Saison zum Beispill aus der Gaardekooperativ "Terra".

Ready?! Coffeeshop


35, avenue du Bois
L-1215 Luxembourg

 readycoffee@mylife.lu
 
 Dënschdes bis freides vu 7 bis 18 Auer. Samschdes vun 9 bis 16 Auer. All éischte Sonnden am Mount Brunch, dowéinst den Dag virdrun zou.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché