30 Jan 2014

Eng ugesote Plaz mat rustikaler Ambiance

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Wou et fréier de Leit bei hirer schwéierer Aarbecht waarm gouf, do kommen d’Gäscht an der “Fabrik” zu Miersch haut héchstens beim Danzen an d’Schweessen. Soss suergt e frësch gezaptene Béier fir déi néideg Ofkillung an déi lecker Burger hunn och scho vill Adepte fonnt! Kee Wonner, well Déifgefruerenes ass hei tabu! Alles kënnt frësch op den Dësch.

Ausserdeem ze fannen op der Menüskaart sinn nach Pizzaen a Pasta. Deen neien Hotspot zu Miersch ass sécher eng Beräicherung fir d’Nuetsliewen am Norde vu Lëtzebuerg! Informatiounen zum ofwiesselungsräiche Manifestatiounskalenner fannt Dir iwwregens op der Facebook-Fansäit vun der Fabrik.

Good Idea : Probéiert déi frësch preparéiert Burger vun der "Fabrik"!

Eng ugesote Plaz mat rustikaler Ambiance


33, rue de la Gare
L-7535 Mersch

 +352 27 40 33 33

 eat@fabrik.lu
 
 Méindes bis donnesches vun 10 bis 1 Auer, freides a samschdes vun 10 bis 3 Auer. Sonndes vun 17 bis 1 Auer. Kichen: 12 bis 14 a 18 bis 22.30 Auer, Sa + So nëmmen owes.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 1 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché