Een neie Konzept fir den Urban zu Belval !
All Mënsch kennt ën, den Urban an der Stad, esou ee richtegen englesche Pub.
Den Urban zu Belval ass komplett aneschtes!
En ass méi grouss a méi luxuriéis, an en ass zanter dem 3. November 2008 op.
Een Deel vum Bistro ass esou wéi eng Bar Lounge ageriicht, een aneren Deel ass ee Restaurant. Am Restaurant kacht de Christophe Kaeleskind, de fréiere perséinleche Kach vum Jacques Chirac, deen Iech ganz sécher ze verwinne weess. De Präis ass awer trotz allem ganz raisonnabel!
Sicht net no de Menüskaarten, et gëtt nämlech keng. De Menü kennt der op zwee risege Ecranen vun méi wéi 42m2 liesen. Owes ginn dann op dëse risegen Ecranen Futtballsmätscher iwwerdroen. Dann ass d’Ambiance garantéiert.
Esou kann eng Visite zu Belval oflafen: Dir iesst um 12.00 Auer zu Mëtteg, gitt duerno an de Shoppingcenter fir e bëssen anzekafen. Géint 17.00 Auer, drénkt der nach séier ee Schocki, an da gitt der an de Kino. An nom Kino heescht et dann an den Urban goen fir eppes Guddes z’iessen a Party ze maachen!
Op deenen Owenter wou an der Rockhal Concerten sinn, bitt den Urban Iech eng Aftershowparty mat DJ.







Vun Méindes bis Samschdes vun 09.00 bis 01.00 Auer.
Sonndes vun 15.00 bis 23.00 Auer. 



