13 Dec 2015

Wäigenoss mat Muselbléck

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Wat ee brauch: e futuristescht Gebai, duerch dat d’Luucht fléisst, en herrlechen Ausbléck op d’Musel, deen iwwer d’Grenzen erausgeet, lecker Wäiner aus de Lëtzebuerger Wéngerten an excellent regional gefierfte Platen, … a fäerdeg ass d’Erliefnes am “Bistro Quai”. En ass am Wäipavillon vun der Gemeng Gréiwemaacher ënnerbruecht, deen am Summer 2015 opgemaach huet.

Dee grousse gliesene Wäischaf léisst keen Zweifel dorun, dass déi edel Wäiner vun der Musel hei am Zentrum vum Intressi stinn. Dir kënnt aus ronn 60 verschiddene Wäiner a Crémante vun de Kellereie Bernard-Massard an Domaines Vinsmoselle wielen. Wéi wier et mat enger klenger Degustatioun? Et stinn 8 oppe Wäiner prett, déi reegelméisseg wiesselen.

D’Kiche vum Bistro Quai zerwéiert Iech franséisch a lëtzebuergesch Platen an organiséiert reegelméisseg Themenowender. Dir kënnt dës herrlech Plaz och lounen. Dank engem behënnertegerechten Zougank bleift zum Gléck kengem de Wäigenoss mat Bléck op d’Musel verwiert!

Good Idea : Ob Vëlostouren, Wanderungen oder Reese fir de renge Pleséier-d'Muselregioun huet vill ze bidden. Do ass de Bistro Quai déi richteg Ulafstell fir eng stilvoll Paus um Bord vum Floss.
Et waart e Wäischaf mat ronn 60 Lëtzebuerger Wäiner a Crémanten.

Bistro Quai


3, route du Vin
L-6794 Grevenmacher

 +352 26 72 90 73

 Méindes a mëttwochs bis sonndes vun 12 bis 14 Auer a vun 18.30 bis 21.30 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché