19 Mar 2015

Wou franséisch Café-Kultur an nordeschen Design sech treffen

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Leider war et bei eiser Visite nach e bësse fréi, fir eng vun den iwwer 30 Gin-Zorten ze testen, déi de Christopher Rahmé am “Café des Capucins” ubitt. Mee den agreabele Flair mécht Loscht op e weidere Besuch zu enger méi spéider Stonn.

Am Café des Capucins verbënnt sech franséisch Café-Kultur mat skandinaveschem Design. Déi kleng Menüskaart bitt liichte Brasseries-Kascht … mëttes zum Beispill als Spezialitéit Tartare an owes ënner anerem Tapas. Alles hausgemaacht!

Duerch eng sophistiquéiert Plafongsverkleedung ass d’Akustik ganz agreabel an am Fong genee dat Richtegt fir duerno niewendrun an de Kapuzinertheater ze wiesselen, oder no enger Virstellung op e Patt oder eppes Klenges ze iessen an déi ëmgedréinte Richtung ze goen. Dann ass et och Zäit fir e raffinéierte Cocktail oder eben Gin! All Gin gëtt am Café des Capucins op eng aner Manéier zerwéiert, ë.a. mat dem passenden Tonic dobäi-fir de perfekte Genoss!

Good Idea : Dee klenge vun den zwee Raim (mat 24 Plazen) eegent sech wonnerbar fir privat Evenementer an enger gemittlecher Ronn a kann och dofir reservéiert ginn.

Café des Capucins


1a, rue Beaumont
L-1219 Luxembourg

 +352 27 99 06 06

 info@capucins.lu
 Méindes vun 10 bis 22 Auer. Denschdes vun 9 bis 23 Auer. Mëttwochs bis samschdes vun 9 bis 1 Auer moies. Sonndes vun 11 bis 20 Auer. Kichen: méindes vun 12 bis 16 Auer. Denschdes bis freides och vun 18 bis 22 Auer. Samschdes vun 12 bis 23 Auer. Sonndes vun 11 bis 16 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

  • chrissy: 2015-05-26 19:13:36
    Très déçu de ce restaurant . le personnel n est ni souriant , ni a bonne mémoire. les plats proposés sont bien trop cher pour ce qu on retrouve dans l assiette. ( à surveiller la fraicheur des salades , car certaines feuilles ont l air très ,,fatiguées ", voir pas fraiches) certes que c est un endroit qui se veut très branché , d où aussi une certaine arrogance à retrouver lors qu on se plaint d une prestation . je ne recommande pas
Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché