10 Oct 2013

Yachting Wines & Bubbles Lounge

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Sech mam Boot op e schicke Lounge-Owend ruddere loossen? Op d’mannst theoretesch ass dat elo méiglech, well zu Réimech, direkt un der Musel, huet eng spannend Bar opgemaach. Mat der „Yachting Wines & Bubbles Lounge“ dierft sech och baussent der Stad Lëtzebuerg en interessanten Hotspot entwéckelen.

Konzept: Et freet een d’Miseler Wënzer no hire beschte Wäiner a setzt déi op d’Kaart. Dernieft ginn et Cocktailen op Cremant-Basis. Genéisse léisst sech dat alles an enger Bar-Lounge mat maritimem Flair.

Ëm den Design huet sech de bekannten Innenarchitekt Moreno gekëmmert, deen ë.a. de White House ageriicht huet. De „Yachting“ huet och eng Terrass, natierlech mat Bléck op d’Musel. Dës Location ass perfekt fir Firmen-Events. Direkt niewendrun ass en Hotel – firwat net béides verbannen?

Good Idea : D'offiziell Ouverture ass de Freiden, 25. Oktober vu 19 bis 1 Auer.

Yachting Wines & Bubbles Lounge


37, Esplanade
L-5533 Remich

 +352 621 768 329

 
 Freides a samschdes vun 19 bis 1 Auer. Sonndes vun 17 bis 24 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 1 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

  • LUCIEN: 2013-08-05 15:40:01
    super location a mega ambiance
Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché