16 Oct 2013

Bypass

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Daucht an an d’Lëtzebuerger Nuetsliewen: Am “Bypass” matzen an der Stad, net wäit vum Hamilius, sidd Dir an deem styleschen House-Club häerzlech wëllkomm. Bekannt ass de Bypass fir seng Showe mat (zum Deel ganz extravaganten) Sänger an Dänzer.

Am hënneschten Deel vum Club ass e VIP-Beräich mat Sëtzgarnituren an Dëscher: Den Accès hänkt of vum Wäert vun deem, wat een u Gedrénks bestellt. Als Betrib kann een do iwwregens a relaxer Ambiance déi verschiddenst Eventer organiséieren.

De Bypass ass iwwregens déi perfekt Plaz, fir mat e bësse Gléck deem engen oder anere Promi op der Danzfläch ze begéinen – begleet vun de Rhythme vun diversen Top-DJen. Ënner anerem ware schonn do: Pamela Anderson, Ophélie Winter, David Vendetta, Samuel le Bihan, Martin Solweig, David Morales…

Good Idea : An dësem Club leeë reegelméisseg bekannt DJen op. Geheit mol e Bléck an den Event-Kalenner vum Bypass!

Bypass


19, rue des Bains
L-1027 Luxembourg

 +352 621 24 96 24
 +352 24 83 83 23

 info@bypass.lu
 
 Infoen op d’Internetsite vu Bypass.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché