30 Oct 2009

T’Scheier

vun Good Idea | 1 commentaire Ech sinn de CommerçantUpdate

Hei fannt der alles op enger Plaz: ee Restaurant, ee Concertssall, eng Brasserie, eng Lounge, eng Disco, an ee Sall wou all méiglech Eventer organiséiert kenne ginn.
D’Kichen an der Scheier ass éischter traditionell. Si proposéieren Iech eng ganz Panoplie u Lëtzebuerger Spezialitéiten. Mëttes gëtt ee grousse Buffet.
D’Concerten déi hei ugebuede gi sinn zimlech variéiert. Dachs steet Rock’n’roll um Programm. Am Januar gëtt awer och een Heavy Metal Festival an der Scheier zu Uespelt organiséiert.
Dat ganzt Gebai ka fir Familljefester oder Betribsfester gelount ginn. Méi wéi 300 Leit kennen hei zesumme feieren. D’Team aus der Scheier informéiert Iech gären iwwer dës Méiglechkeeten.

Good Idea : Wann eppes méi grousses an der Scheier lass ass, dann hunn se bis 3 Auer moies op.

T'Scheier


32, rue Pierre d'Aspelt
L-5710 Aspelt

 26 67 67 1
 26 67 67 67

 info@scheier.lu
 
 Vun Dënschdes bis Freides vun 12.00 bis 15.00 an vun 17.30 bis 1.00 Auer. Samschdes vun 17.30 bis 01.00 Auer. Sonndes vun 11.00 bis 00.00 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 2 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
1 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch

  • Korben: 2012-07-04 18:32:56
    Hun héieren ganz am Ufank wär se emol ganz gudd gewiescht.
    Me wou ech do war, konnt ech dovun näischt feststellen- et war fuerchtbar.
    D´Iessen war schlecht Qualitéit- an de Service eréischt! An dann dofir och nach kräfteg Geld ze froen.

    NIE MEI!



Besicht de Grand-Duché