13 May 2013

Eng Zäitrees duerch d’Lëtzebuerger Geschäftswelt

vun Good Idea | Kommentéieren

D’Welt vun de Wueren an de Geschäfter ass hautdesdaags méi faszinant wéi jee an et kann een där Faszinatioun nëmme schwéier aus dem Wee goen. Um Beispill vu Lëtzebuerg geet d’Ausstellung “Shop, Shop, Shop” am Geschichtsmusée vun der Stad Lëtzebuerg vum 17. Mee 2013 bis den 30. Mäerz 2014 der Fro no, wéi sech d’Stad ëmmer méi zu enger Akafsplaz respektiv enger “Shoppings”plaz konnt entwéckelen.

D’Ausstellung weist op ganz explizit Manéier, wéi den Handel sech iwwer Joerzéngten entwéckelt huet. Sou geet et zum Beispill dorëm, wéi d’Braderien, déi haut nach vill Succès hunn, entstane sinn, wéi de Self-Service, d’Akafszentren an den elektroneschen Handel opkomm sinn. Duerch déi vill Ausstellungsstécker gëtt d’Rees duerch d’Zäit ganz anschaulech.

Ze gesi sinn ënner anerem antik Vitrinnen, Téiken, Keesen, Verpackungen, Huttkëschten, Tuten, Plakater mat Reklammen a Mannequine grad wéi historesch Kannerspillbutteker. Si verstréimen de Charme vun der gudder aler Zäit a loosse vill Erënnerungen opkommen. Méi Infoe fannt Dir op der Internetsäit vum Musée.

 

Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché