01 Sep 2014

Geschicht fir unzepaken: 20 Joer UNESCO-Weltierwen

vun Good Idea | Kommentéieren

Lëtzebuerg invitéiert op eng spannend Rees an d’Vergaangenheet. Deen eenzegaartege Patrimoine aus Tierm, Bastiounen a Festungsmaueren, an de Stee gemeesselt, definéiert och haut nach d’Stadbild. Daucht an an déi iwwer dausend Joer al Geschicht vun der fréierer Festungsstad, déi net fir näischt den Numm vun “Gibraltar vum Norden” krut!

Hei ware Festungsingenieuren aus der Bourgogne, aus Spuenien, Frankräich, Éisterräich a Preussen um Wierk an hu Lëtzebuerg zu enger richteger europäescher Héichbuerg gemaach. Zënter dem Ancien Régime ass Lëtzebuerg sou zu engem Punkt ginn, wou verschidden Nationalitéiten sech begéinen, a wou d’Fundament fir dee multikulturelle Charakter vun der spéiderer Haaptstad vum Grand-Duché geluecht ginn ass.

Zënter 1994 gehéieren déi massiv Festungsmauere grad wéi déi vu Geschicht imprägnéiert Alstad zum UNESCO-Weltierwe vun der Mënschheet. E Spadséiergank duerch d’Kasematten, déi ënnerierdesch Festungsanlage mat mytheschem Charakter, oder de Bléck vum “schéinste Balkon vun Europa” wäert och Iech faszinéieren. Entdeckt Lëtzebuerg och am Kader vun der City Promenade an dem Wenzel-Tour. Lëtzebuerg – Rendez-vous mat enger spannender Geschicht! Méi Infoen fannt Dir op LCTO.lu!

(Quell: LCTO)

Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché