Wa soldéiert Qualitéitswuer wuertwiertlech ënnert d’Vollek bruecht gëtt, wann et dezent no Grillwurscht richt an e faarweg gesträifte Minibus d’Visiteure vum Parking ofhëlt, dann ass “Stroossemaart” an der Stad. E Samschdeg, den 12. Mee ass d’Stad eng riseg Foussgängerzon mat ronn 300 Verkafsstänn.Déi éischt Moudegecke probéiere sécher schonn an aller Herrgottsfréi déi beschte Kleeder, Schong, Poschen an Accessoiren ze fannen. Mee keng Angscht: Bis owes 18 Auer gëtt stänneg nogeluecht.
Parallel dozou ass d’”Octave”, déi traditiounsräich Lëtzebuerger Wallfaart. Fir d’Wuelbefanne vun de Pilger huet d’Stad virun der Kathedral e Maart opgeriicht. Um Octave-Mäertche fannen awer och d’Visiteure vum Stroossemaart vill Méiglechkeeten, fir sech ze stäerken.
Wie mam Gedanke spillt, sech en Occasiounsauto ze kafen, leeft Gefor, et net vum Parking bis an d’Stad ze packen: Um Glacis organiséiert de Lëtzebuerger Automobilclub (ACL) fir den éischten nationalen AutoOccasiounsfestival eng Bourse fir Occasiounsautoen. Vun do aus bréngt Iech de City Shopping Bus gratis an de Stadzentrum.
Mam Stroossemaart an der Octave kënnt Der op deem Samschdeg direkt bei zwee ganz typesch Lëtzebuerger Evenementer live derbäi sinn. Mam AutoOccasiounsfestival profitéiert Dir vun enger Première mat Top-Konditiounen. Besser kann een net an de Weekend starten!















