16 Nov 2011

Buerglënster Schlass

vun Good Idea | 1 commentaire Ech sinn de CommerçantUpdate

Richteg Kichevirtuosen empfänken Iech am aussergewéinlechen Dekor vum Schlass vu Buerglënster. De Selim Schiltz a säi Kichechef René Mathieu verzauberen är Geschmacksnerven am Restaurant « La Distillerie » an an der Brasserie « Côté Cour ». Dir entdeckt ganz nei Aromaen a Goûten mat der extravagant a ganz kreative Kichen, déi Iech hei proposéiert gëtt.

An der Brasserie gett et éischter guddbiergerleche Kascht mat enger ganz neier Touche. D’ Goûten vu fréier ginn do mat den neiste Kichekënschte kombinéiert. Wann d’Sonn schengt, da profitéiert onbedengt vun der gemittlecher klenger Terrass déi iwwer de Waasergruef erausgeet. De Restaurant « La Distillerie » bitt éischter eng modern Gastronomie un. D’Vue aus dësem Restaurant op d’Duerf Buerglënster ass eenzegaarteg.

De Wäikeller vum Bierger Schlass ass och erwähnenswäert. Eng ganz grouss Variéitéit vu verschidde Wäiner ginn Iech proposéiert, vun hei an aus der ganzer Welt.

Good Idea : Kuckt mol wéi eng Concerte vun de Bierger Schlassfrënn an der Buerg ugebuede ginn (www.bourglinsterfestival.lu). D'Brasserie « Côté-Cour » ass op deene Sonndeger, wou och ee Concert an der Buerg ass och owes op.

Buerglënster Schlass


8, rue du Château
L-6162 Bourglinster

 78 78 78 1
 78 78 78 52

 mail@bourglinster.lu
 
 Vu Mëttwochs bis Sonndes mëttes.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 2 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
1 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

  • GoodIdea: 2011-11-25 15:10:35
    La Distillerie vient de décrocher une étoile au Michelin! Félicitations!!
Comment

*required

  • GoodIdea: 2011-11-25 15:16:59
    The restaurant La Distillerie has recieved a Michelin star! Congratulations!
Kommentieren

*erforderlich

  • GoodIdea: 2011-11-25 15:18:18
    Das Restaurant La Distillerie hat jetzt einen Michelin-Stern bekommen! Herzlichen Glückwunsch!!
Kommentéieren

*obligatoresch

  • GoodIdea: 2011-11-25 15:15:19
    De Restaurant La Distillerie huet elo e Michelin Stär kritt! Gléckwënsch!



Besicht de Grand-Duché