13 Aug 2013

Artrooms

vun Lux(e)yes | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Ëmmer op der Sich no eppes Spannendem oder Neiem? Dann hätte mer erëm eppes fir Iech! „ArtRooms“, en absolut neit Konzept, bitt Plaz fir Konscht an Design. De Kënschtler Ben Carter huet e ganz gewéinlecht Appartement an der Avenue de la Liberté – déi an der Tëschenzäit fir hir innovativ Geschäftsiddie bekannt dierft sinn -, an eng Zort Kënschtleratelier verwandelt.

Ënnerschiddlech Kënschtler an Designer deelen sech dësen Atelier. An all Raum schafft en anere Kënschtler, Fotograf oder Designer (Schmuck, Innendesign, Grafik). Gitt einfach emol laanscht: Maacht e Rendez-vous, léiert nei Leit a Kreatioune kennen an entdeckt vläicht och Äert Liiblingsstéck!

Good Idea : Eng Plaz, sechs Kënschtler a vill gutt Iddie fir Iech!

Artrooms


48, Avenue de la Liberté
L-1930 Luxembourg

 
 Op Rendez-vous.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché