19 May 2016

Big Ben trëfft Lady Liberty

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

D’Emblèmë vu London an New York sinn am “All English Bookstore”  zwar just reng dekorativ,  mee hinnen zu Féiss läit e Mosaik vun der Kultur- a Geeschtesgeschicht vun den engleschsproochegen Natiounen. Literaturklassiker nieft neie Publikatiounen, Sachbicher tëscht Romanen, Krimien oder Gedichter.

Den All English Bookstore tëscht dem Knuedler an dem Palais ass DÉI Plaz fir jiddereen, dee gär englesch Bicher an der Originalsprooch liest. Deemno treffe sech hei all d’Leit, déi d’Loscht um Liese verbënnt: Lëtzebuerger, Expats, déi zu Lëtzebuerg liewen an Touristen. D’Iddi fir dëst Geschäft hat d’Librairie Ernster, ee vun den eelste Familljebetriber vu Lëtzebuerg. D’Famill Ernster weess schonn zënter 1889, dass Bicher Brécken tëscht Kulture bauen.

Dofir ginn am All English Bookstore och Bicher aus an iwwer Lëtzebuerg ugebueden. Ganz gefrot si bei den Touriste Kachbicher mat lëtzebuergesche Rezepter, op Englesch iwwersat. Sou dréit  d’Famill Ernster och dozou bäi, dass Lëtzebuerg mat sengen Traditiounen an der Welt e bësse méi bekannt gëtt.

Good Idea : Bicher, déi beim Verlag vergraff sinn, déi zënter Joren net méi gedréckt ginn oder  antiquaresch Bicher versicht d'Equipe Ernster ze fannen- mat enger impressionnanter Erfollegsquot.
D'Bicher ginn dacks bannent engem Dag geliwwert an op Wonsch vum Client och heem geschéckt. D'Websäit informéiert och iwwer Veranstaltungen an den eenzelne Filiale wéi Liesungen oder Dedicace-Stonnen.

All English Bookstore


4, rue de la Reine
L-2418 Luxembourg

 +352 22 50 77 280
 +352 22 50 77 249

 librairie@ernster.com
 
 Méindes bis samschdes vun 9 bis 18.30 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

  • Alix: 2016-05-27 21:14:36
    Great new English bookshop in central location with wonderful, friendly staff:)
Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché