15 Jun 2015

Brasserie „Schräinerei“

vun Ben | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

D’Brasserie „Schräinerei“ wuer tatsächlech fréier d’ARBED-Schräinerei zu Déifferdeng. Dir fannt se am Creativity Hub „1535“ an der rue Emile Mark am Zentrum vun Déifferdeng. Hei soll e kulturellen a sozialen Austausch tëscht Generatiounen entstoen: Kënschtler, Locataire vum Site an déi Leit, déi just e Patt wëllen drénke kommen oder eppes iesse kommen.

De roude Fuedem an der „Schräinerei“ ass e wöchentlechen, ofwiesslungsräiche kulturelle Programm, wou mir mat lokalen, nationalen an internationalen Artisten zesummeschaffen. D’Séil vun der Brasserie sollen nierwt sengem Industrie-Chic och seng Leit sinn: Op elo e Kaffi am Zeitungseck, e gemittlecht Iessen op der Mezzanine, oder eng spontan Jam-Session op eiser klenger Bühn, et gëtt näicht wat et net gëtt!

Op eiser Kaart fannt der eng grouss Offer un typesche Brasserie-Plat’en, awer och Burger’en, Pasta, Pizza, an eng grouss Unzuel u vegetarësche Plat-en, ee vun den Top-Seller: Eis Kniddlen (mat Speck, oder vegetaresch). An der Offer ginn et äusserdem regelméisseg nei Suggestiounen aus der Kichen an en deegleche Menu du Jour fir 9.50€. Mir proposéieren eise Client’en awer och eng grouss Panoplie u Béieren, vum Faass oder an der Fläsch, an och lëtzebuerger Wäiner a Crémant’en.

Good Idea : D' "Schräinerei" proposéiert Iech en wöchentlechen, ofwiesslungsräiche kulturelle Programm.

Brasserie Schräinerei


115a, rue Emile Mark
L-4620 Differdange

 +352 27 40 15 35

 contact@schrainerei1535.lu
 
 Méindes bis donneschdes vun 11 bis 1 Auer, freides a samschdes bis 3 Auer, sonndes vun 5 bis 1 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché