16 Jun 2015

Buch fir Buch e Stéck Italien

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

D’Italiener hu gär eng gutt Kichen, Kanner, grouss Denker, Kënschtler, Literaten – a mir hunn Italien gär! Déi ënnerschiddlechst Facettë vum Land passe sécher net tëschent nëmmen zwee Buchdeckelen, mee vläicht tëschent e puer dausend?!

An der “Libreria Italiana” an der Stad begéinen sech Italiener an Italien-Frënn an deelen hir Leidenschaft fir d’Literatur. All Woch verfollegt d’Gerante Luisa Spagnolli d’Lëscht vun den neie Publikatiounen an Italien, mécht Recherchen, liest Rezensiounen an trëfft hir ganz perséinlech Auswiel u Bicher, Comics an DVDen. Reegelméisseg ginn och Autoreliesungen organiséiert. Déi grouss Lieser treffen sech ausserdeem am “Club del Libro” fir literaresch Diskussiounen, déi kleng kënnen sech samschdes déi neiste Geschichte virliese loossen.

Är Italieneschkenntnesser sinn (nach) limitéiert? Kee Problem, well wien am Italieneschen nach net sou fit ass, ka Klassiker vun der Literaturgeschicht an enger vereinfachter Léier-Versioun kréien. Äert Wonschbuch ass net do? Bannent enger Woch gëtt geliwwert, fir e klenge Supplement och mat der Post direkt heem. Geliese Bicher kënnen op der Plaz getosch ginn: Leet et an d”Lascia”-Këscht an huelt Iech als Contrepartie en anert Buch aus der “Prendi”-Këscht mat heem – ganz vu Lieser zu Lieser. Mir soen elo “Ciao” an “Alla prossima!”

Good Idea : Trei Lieser kréie mat der Memberskaart eng Reductioun vun 10%.

Libreria Italiana


11, rue Saint Ulric
L-2651 Luxembourg

 +352 40 34 21

 libreriaitaliana.lu@gmail.com
 
 Denschdes bis samschdes un 10 bis 19 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché