13 Nov 2015

Chrëschtdags- “Winterlights” zu Lëtzebuerg

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Lëtzebuerg knipst d'”Winterlights ” un! E Mier vu Luuchten an d’Chrëschtmäert op der Plëss, bei der Gëlle Fra an op der Paräisser Plaz invitéieren op eng wanterlech Ambiance an der Stad. All eenzelne vun den 3 Mäert huet säin eegene Charme: Mol virun enger historescher Kuliss, mol mat engem fantastesche Panoramabléck iwwer d’Péitrussdall, oder och als idealen Ausgangspunkt fir de Kaddos-Shopping tëscht den zwee Haaptgeschäftsquartiere vun der Uewerstad an der Gare.

Ronderëm d'”Gëlle Fra” , ee vun den Emblemer vun der Stad, presentéiert sech dëst Joer d’Gaaschtregioun Toskana mat hire Spezialitéiten. D’Plëss weist sech vun enger ganz neier Säit, d’Entente vun den Aussteller schwätzt souguer vum ” bis elo schéinste Maart” virum Cercle Cité. Just e Sprong wäit ewech verwandelt sech de Knuedler an eng (deelweis iwwerdaachten) Äispist mat engem festlech gerëschte Bam.

Schéi Momenter bréngen och déi vill Evenementer, déi am Kader vun den “Winterlights” an der ganzer Stad organiséiert ginn. Zu den Highlighten zielen de Kleeserchescortège (den 29. November), de Lëtzebuerger Adventszirkus (bis den 13. Dezember) an d'”Light Night”, mat där Lëtzebuerg den 18. an 19. Dezember den Ofschloss vun der EU-Presidence feiert.

Fir datt d’Visiteuren nach vill méi einfach tëscht de Chrëschtmäert pendele kënnen, ass de ganze Busreseau an der Stad weekends (samschdes a sonndes) gratis. D’Pendelbussen tëschent de P&R-Parkinge ronderëm d’Stad an an der Stad garantéieren en Accès ouni Stress. Iwwregens sinn och d’Butteker an der Stad op alle véier Adventssonndeger nomëttes op.

Impressioune vun de Chrëschtmäert 2014 ginn et hei (Youtube).

Weider Informatiounen:

  • Winterlights.lu: de ganze Programm an nëtzlech Informatiounen online.
  • Mobiliteit.lu: Informatiounen zum iwwerregionalen an zum lokale Busreseau (op Franséisch).
  • Vdl.lu: Informatiounen zu de P&R-Parkplazen ronderëm d’Stad grad wéi zu de Parkméiglechkeeten am Stadzentrum (op Franséisch)

 

Good Idea : De ganze Busreseau an der Stad ass weekends (samschdes a sonndes) gratis.

Winterlights



Luxembourg

 
 Vum 20. November bis 24. Dezember 2015.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché