09 Feb 2015

Den Design-Bijou un der Musel

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Et war op engem kalen, verreentenen Dag, wéi mer d’Katty Chacun-Karapédian zu Stadbriedemes an de Raimlechkeete vun “Retrouvailles Concept” besicht hunn. Dobanne war et hell a wunnlech, richteg gemittlech. Direkt un der Musel läit dee Bijou vu Lëtzebuerger Kreativitéit – e Gebai, wou ee Konscht, Design an Handwierk ënnert engem Daach fënnt.

Dëse Conceptstore a Kombinatioun mat verschiddene Büroe vun Hadwierksbetriber, Kreativen an Händler bitt vill Ausstellungsflächen: dorënner eng Galerie fir Molerei a Fotografie (wou d’Ausstellungen all zwee Méint wiesselen), e Beräich fir Antiquitéiten, grad ewéi eng Surface fir Produkter vun Designer a Konschthandwierker.

D’Katty ass Coach fir Bannenariichtung a féiert Iech dënschdes, mëttwochs an donneschdes nomëttes gär perséinlech duerch dës besonnesch Designwelt. Och wann et e bëssen de Charakter vun engem Showroom huet, kënnt Dir bal alles kafen, wat Dir gesitt – a souguer direkt mathuelen. Am Handwierksberäich hu sech verschidde Spezialisten néiergelooss, déi sech, ganz dem Kärkonzept vun “Retrouvailles Concept” no, der stilvoller a passender Renovéierung vun historeschem Baubestand consacréieren. Dofir gëtt et och eng Ausstellungsfläch fir (spannend) sanitär Ausbauméiglechkeeten.

Dir mierkt… Hei kënnt Dir eng ganz aner Säit vu Lëtzebuerg entdecken… ewech vum Finanzzentrum, ewech vun de grousse Geschäftszentren. Ausserdeem léisst sech e Besuch bei “Retrouvailles Concept” wonnerbar mat engem flotten Ausfluch un d’Musel an enger Visite bei verschiddene Wäikellereie verbannen. Mir si gespaant op Är Meenung!

Good Idea : Vom 27. bis 29. Mäerz 2015: 9ten Editioun vun den europäeschen Deeg vun den Konschthandwierker!
Vill Produite stame vu Lëtzebuerger Designer a Kreativen.

Retrouvailles Concept


6, rue Pierre Risch
L-5450 Stadtbredimus

 +352 26 70 93 1
 +352 26 70 93 95

 info@retrouvailles-concept.lu
 
 Galerie: méindes bis sonndes vun 14 bis 18 Auer. Retrouvailles concept: méindes bis freides vun 9 bis 18 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 1 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché