14 Apr 2015

Erlieft en Zirkus wéi am Mäerchen!

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Vum 14. Abrëll bis den 3. Mee 2015 ass en ale Bekannten op Besuch zu Lëtzebuerg: den Zirkus “Roncalli”. Deen däitschen Traditiounsbetrib ass an der Tëschenzäit fir vill Zirkus-Fannen a ganz Europa (an eben och zu Lëtzebuerg) en absolute Must!

Ronn 80 historesch Zirkusween an eng nostalgesch Zeltlandschaft verwandelen en Deel vun der grousser Glacis-Plaz net wäit vum Stadzentrum an eng verdreemten Zirkusstad. Am groussen Zelt, dat Plaz fir ronn 1500 Spectateuren huet, erwaart Iech Akrobatik a Clownerie vum Feinsten!

D’Optrëtter vun de Manegekënschtler gi begleet vun enger gutt duerchduechtener Museksdramaturgie; dofir suergt de Roncalli Royal Orchestra mat senge 7 Leit. Déi eenzeg Déieren an der Manege sinn iwwregens Päerd a Ponyen. Freet Iech op den Zirkus Roncalli! Weider Infoen an Tickete kritt Dir hei.

Good Idea : Den Zirkus Roncalli kënnt mat engem komplett neie Programm op Lëtzebuerg!

Circus Roncalli


allée Scheffer
L-2520 Luxembourg

 +352 20 20 33 33

 circus@roncalli.de
 
 Vum 14. Abrëll bis den 3. Mee.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

  • Sebastian: 2015-04-15 10:28:11
    Ich habe mir gestern Abend die Premiere angeschaut und bin begeistert! Tolles Programm, tolle Stimmung und wirklich erstaunliche Leistungen der Künstler! Nur zu empfehlen!
Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché