29 Jul 2011

Escher Theater

vun Good Idea | 1 commentaire Ech sinn de CommerçantUpdate

An der längster Zone Piétone am Land, zu Esch-Uelzecht, ass den Escher Stadtheater, dee virum kuerzem renovéiert ginn ass. Dat markant Gebai um Eck vun der Brillplaz, ass mat engem Tunnel un den ënnerierdesche Parking verbonnen. Den Theater ass een Deel vun der Escher Promenade architecturale. Den Escher City Tourist Office huet eng Brochure an där dëss Promenade ganz genau beschriwwe gëtt.

Am Theater suergen déi modernst Bühnentechnik an ee fotte Programm dofir dat d’Zuschauer hiren Ausfluch an d’Kultur richteg genéisse kennen. En plus, gëtt et am Theater gutt z’iesse an zwar um drëtte Stack am  “Restaurant allegro by favaro” (do war fréier de Café UBU), dat vum Escher Stärekach Renato Favaro ausgeschafft gouff. Esch ass deemno ideal fir Shopping, Kultur a Kulinaresches ze kombinéieren.

Matgedeelt vum ONT (Office National de Tourisme)

Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 2 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
1 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

  • saly Sbsaly: 2011-01-27 16:29:32
    So good !!!
Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch

  • collarini edouard: 2011-01-28 13:38:22
    je ne peux que recommander a tout un chacun intéressé par la culure en généra de s'y rendre au théâtre
    d'Esch-sur-Alzette non seulement on peut garer sa voiture au tout nouveau parking souterrain à la place
    de la Résistance mais de là on peut rejoindre le théâtre sous un tunnel sans prendre froid ni être mouillé
    par la plui et ceci à un tarif unique de 2.50 euro et même reserver le package spectacle & parking en
    avance ceci évite en cas d'influence les attentes et après on peut vraiment bien dîner au Resto.allegro
    chez le chef étoilé connu de la Métropole du Fer Renato Favaro dont la cuisine du terroir égalera les papilles
    gustatives les plus gâtées.



Besicht de Grand-Duché