23 Sep 2015

Ganz Lëtzebuerg ënnert engem Daach

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

All d’Lëtzebuerger Produiten ënner engem Daach?! Schwéier, sech dat virzestellen, an awer ass ee mam “Luxembourg House” dësem Usproch ee Schrack méi no komm! De Buttek an der Rue de l’Eau, net wäit vum Palais an der Stad empfänkt Iech -ganz lëtzebuergesch- blo-wäiss gesträift mat rout Faarfakzenter.

Wann Der duerch d’Geschäft gitt, stousst Der op klassesch Manéier op vill Crémanten a Wäiner (z.B. Vinsmoselle a Bernard-Massard), Schnaps a Liqueur (z.B. Mansfeld an Zenner), Schockela, Knippercher a Kichelcher (z.B. Namur an Oberweis), mee de Grand-Duché huet nach vill méi ze bidden: Vill héichwäerteg Artikele ronderëm den Dësch (z.B. Villeroy&Boch), Moud (z.B. Fabienne en ville), Bijouen (z.B. By Léa an Anne-Marie Herckes) a Produite fir d’Kierperfleeg.

Och Leit vun hei oder Kenner vu Lëtzebuerg kënnen am Luxembourg House nach sou munch iwwerraschend Facette vun der lokaler Produktwelt entdecken. De Lëtzebuerger Kënschtler Jacques Schneider huet Biller an Tasen extra fir d’Luxembourg House entworf. D’Fans vun der Monarchie fannen an engem klengen Eck vum Buttek verschidden Artikele ronderëm déi groussherzoglech Famill, dorënner vill Bicher.

Well d’Sortiment reegelméisseg changéiert, lount et sech, mol méi dacks era luussen ze goen a Lëtzebuerg op eng nei Manéier kennen ze léieren.

Good Idea : Hei fannt Dir alles fir en individuelle Bonjour vu Lëtzebuerg ze verschenken: Loosst Iech Är Liiblingsproduiten zesummen an enger vun de verschiddene Corbeillen als Kaddo verpaken.
Méi lokal geet et net: D'Luxembourg House ass eng spannend Vitrine vum Knowhow an der Liewensaart vu Lëtzebuerg.

Luxembourg House


2, rue de l‘Eau
L-1449 Luxembourg

 +352 26 26 26 27

 info@luxembourghouse.lu
 
 Méindes a denschdes vun 11 bis 15 Auer. Mëttwochs bis samschdes vun 11 bis 19 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché