09 May 2014

Jonk Kreativer am “MUDAM”

vun MUDAM | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

De MUDAM, Musée fir modern Konscht, huet sech zum Treffpunkt fir lokal Kreativer entwéckelt. Beim “Marché des créateurs” versammelen sech och dëst Joer nees Designer aus Lëtzebuerg an aus der Groussregioun. De 14. a 15. Juni 2014 weisen se hir Wierker, déi aus ganz ënnerschiddleche Beräicher kommen: Produitsdesign, Styling, Moudedesign, Illustratioun, Bijouen …

An am Geschäft vum Musée, der “MUDAM Boutique” gi Produite vu Lëtzebuerger Designer ugebueden, dorënner ënner anere vun: Anne-Marie Herckes, Anatoli, Pretty Forest, The Vintage Fable a Pikpin.

Op kee Fall awer sollt Der déi stänneg Offer vum MUDAM verpassen, wéi zum Beispill déi bedeitend Ausstellungen an enger eemoleger Architektur an déi spannend Visite-guidéeë fir Kanner an Erwuessener (op Franséisch, Däitsch, Englesch, Hollännesch a Portugisesch. Musikalesch Evenementer (Wednesdays at MUDAM), Theatervirstellungen (Many Spoken Words) an déi gastronomesch Propositiounen (Musée du Jour, Mudam’s Friday Night) maachen d’Offer komplett.

Good Idea : De 14. a 15. Juni 2014 ass am MUDAM e Kreativmaart!
De MUDAM gëtt lokalen Designer verschidde Plattformen, fir hir Produiten unzebidden, ë.a. an der MUDAM-Boutique.

MUDAM – Musée d'art moderne Grand-Duc Jean


3, Park Dräi Eechelen
L-1499 Luxembourg

 +352 45 37 85 1

 info@mudam.lu
 
 Mëttwochs bis freides vun 11 bis 20 Auer. Samschdes bis méindes vun 11 bis 18 Auer. Un Feierdeeg vun 11 bis 18 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché