20 Feb 2015

Konscht-Genoss mat alle Sënner

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Stellt Iech vir, Dir sëtzt an enger Galerie, ronderëm Iech iwwerall Konscht, an Dir genéisst e richteg gutt Iessen. Dat ass guer net sou wäit hiergeholl, wéi et den éischten Ablack kléngt, well mam “kjub” stelle mer Iech haut e Galerie-Restaurant vir.

D’Konzept vum Lëtzebuerger Jaco Diederich huet sech elo schonn e puer Joer bewäert a vill Amateure fonnt. Konscht bleift hei net fir en elitäre Krees vun “Experten” reservéiert, mee deet sech de Gäscht vum “kjub” quasi beim Iessen op. Dass d’Kachen an d’Presentéieren och eng Konscht ass, beweist Iech d’Kichenequipe vum “kjub”: gehuewe franséisch Bistros-Kichen, alles frësch preparéiert, keng Fäerdegproduiten an -als Kiischt um Kuch- eng Auswiel u Fleesch vun excellenter (deels lëtzebuergescher ) Qualitéit.

Bekannt ass den “kjub” iwwregens och fir seng Homardsplaten. Do passt et jo gutt , dass um Konschtwierk vum Lëtzebuerger Eric Mangen, dat de ganze Raum ausfëllt, och en iwwerdimensionalen Homard un der Mauer ze gesinn ass.… Wann Dir Iech da sat giess a sat gekuckt hutt, waart am Nieweraum eng gemittlech Bar fir den “Absacker”!

Good Idea : D'Ausstellunge vum "kjub" wiesselen an der Reegel all aacht Wochen. Fir ëmmer um Lafenden ze bleiwen, kënnt Dir Iech per Mail an d'Verdeelerlëscht vun der "kjub"-Newsletter aschreiwen.
Um Menü vum Restaurant fannt Dir Lëtzebuerger Rëndfleesch vum Label "Naturfleesch Lëtzebuerg".
Am "kjub" stellen nieft internationale Kënschtler och Kreativer vun hei hir Wierker aus.

kjub


49-51, boulevard Dr. Charles Marx
L-2130 Luxembourg

 +352 27 48 99 88

 admin@kjub.lu
 
 Méindes vun 12 bis 14 Auer. Denschdes och vun 19 bis 21 Auer. Mëttwochs bis freides bis 22 Auer. Samschdes vun 19 bis 22 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché