23 Jan 2014

Kulturellen Afterwork am Mudam

vun Marie-Laure | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Déi klassesch Afterwork-Owenter langweilen Iech an Dir interesséiert Iech fir Konscht? Déi éischt Adress fir Konscht zu Lëtzebuerg, de Mudam, organiséiert zanter November 2013 “Mudam’s Friday Night”!

De Musée bitt eemol am Mount dëse besonneschen Owend un, an deem Dir fir d’éischt un enger Visite guidée deelhuele kënnt, duerno gëtt et eppes ze drénken a fir deen, dee wëllt, och eppes ze iessen. Momentan kënnt Der Wierker vum Lee Bul entdecken. Déi südkoreanesch Kënschtlerin ass am Beräich vun der zäitgenëssescher Konscht international ganz renomméiert.

Ob eleng, mat Frënn oder Ärem Partner resp. Ärer Partnerin: Bei Mudam’s Friday Night fänkt Äre Weekend op eng besonnesch Manéier un! Weider Informatioune fannt Dir op der Internetsäit vum Mudam.

Good Idea : Eng gutt Méiglechkeet, de Mudam a seng Ausstellungen an enger lackerer Ambiance ze entdecken resp. erëm ze entdecken.

Kulturellen Afterwork am Mudam


3, Park Dräi Eechelen
L-1499 Luxembourg

 +352 45 37 85 531

 fridaynight@mudam.lu
 
 Den 31. Januar vun 18 Auer un.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché