20 May 2009

Libo – Exki

vun Good Idea | 1 commentaire Ech sinn de CommerçantUpdate

D’Librairie Libo an d’Exki Restaurante fonctionnéieren zënter kuerzem an enger eemoleger Kombinatioun. An de Verkafsraim vun der Libo op der Gare fannt dir elo och een Exki Restaurant.
D’Exki Restauranten, déi der schonns op enger ganzer Rei Plazen an der Stad fannt, offréieren Iech eng natierlech Fast Food Kichen, déi sech besonnesch duerch d’Qualitéit vun de Produiten distinguéiert. Déi sinn nämlech ëmmer frësch, natierlech a Bio. D’Deko an dëse Restaurante gemittlech a frëndlech.
Hannert der Kollaboratioun vun der Libo an Exki steet d’Philosophie, dass d’Intelligenz an de Kierper allen zwee hongereg sinn, deen een op Bicher, deen aneren op Iessen.
D’Libo gouf dofir komplett ëmdekoréiert. D’Clientë kënne gemittlech setzen, an a Rou ee Buch duerchbliederen an dobäi eppes Guddes fir z’iesse genéissen.

Good Idea : Am Forum, wou normalerweis gelies a giess gëtt, gi regelméisseg Autogrammstonnen, Liesungen an Diskussioune mat Auteuren ofgehal.

Libo - Exki


11, rue du Fort Bourbon
L-1249 Luxembourg

 40 30 30 1
 40 30 30 645

 luxembourg@libo.lu
 
 Vun Méindes bis Freides vun 7.30 bis 18.30 Auer. Samschdes vun 9.00 bis 18.00 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 2 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
1 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

  • Fabienne: 2009-09-17 10:57:23
    This food store is very conveniant for people working in the station area.
Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch

  • Guy: 2009-09-17 10:48:58
    Praktesch fir déi Leit déi am Quartier schaffen.



Besicht de Grand-Duché