16 Jan 2014

Maacht Iech e Bild vun der Lëtzebuerger Konschtzeen!

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Et geet ëm méi wéi nëmmen “eppes Schéines fir un d’Mauer” … Mat hirem héijen Usproch, och “schwéier” Konscht salonfäheg ze maachen, markéiert d’Galerie Clairefontaine elo well zënter 25 Joer déi Lëtzebuerger Konschtzeen.

Effektiv kann ee bei der Marita Ruiter an hire Mataarbechter (innen) vill Neies entdecken, wat sécher och heiansdo muss erkläert ginn, mee dofir stinn Iech d’Konschtexperte gär mat Rot an Dot zur Säit. Reegelméisseg stellt d’Galerie Clairefontaine och Fotografien aus an organiséiert eemol am Joer e grousst internationaalt Fotostreffen zu Lëtzebuerg.

D’Galerie representéiert ënner anerem Kënschtler wéi den Anselm Kiefer, de Markus Lüpertz, de Roland Schauls an den Edward Steichen. Kommt dach einfach mol op enge vun hiren zwou Plaze laanscht kucken, wann Der an der Stad sidd – a schoult Ären “Konschtbléck”, gratis an onverbindlech.

Good Idea : Entdeckt international Konscht a Konscht vun heiheem ganz onverbindlech a mam Rot vum Expert!

Maacht Iech e Bild vun der Lëtzebuerger Konschtzeen!


7, place de Clairefontaine
L-1341 Luxembourg

 +352 47 23 24
 +352 47 25 24

 galerie.clairefontaine@pt.lu
 
 Denschdes bis freides vun 14.30 bis 18.30 Auer. Samschdes vun 10 bis 12 Auer, a vun 14 bis 17 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché