25 Apr 2014

Modern Designerobjeten an enger pittoresker Ambiance

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Et hëlt een … en uregt Schlass an enger pittoresker Ëmgéigend an 37 Designer a Konschthandwierker aus Lëtzebuerg a sengen Nopeschlänner – a schonn hu mer eng Ausstellung, déi hiresgläiche sicht. D”Interior Designers & Artisans d’Art” si vum 26. Abrëll bis den 18. Mee am Schlass vu Buerglënster.

Der Organisatorin Katty Chacun ass et ze verdanken, datt een an den Ausstellungsraim vum Schlass vill Objeten entdecke kann, déi fir Banneraim entworf goufen: Miwwelen, Luuchten, Keramik, Holz- a Metallskulpturen, Objeten aus Glas, Dëschkultur a villes méi.

Vläicht fannt Dir jo deen een oder aneren Objet, deen Äert Doheem opwäert. Op jidde Fall lount sech d’Schlass vu Buerglënster a seng Ëmgéigend awer fir en erhuelsamen Ausfluch!

Good Idea : Am Schlass vu Buerglënster sinn och d'ganzt Joer iwwer Kënschtler ze fannen an e Restaurant mat Stärekichen.
Op dëser Ausstellung hutt Dir d'Geleeënheet, Lëtzebuerger Innendesigner a Konschthandwierker kennenzeléieren - an natierlech hir Wierker!

Interior Designers & Artisans d’Art


8, rue du Château
L-6162 Bourglinster

 +352 621 318 926

 Katty.chacun@kck.lu
 
 26.4. bis 18.5.; mëttwochs bis freides vun 14 bis 18 Auer. Samschdes a sonndes vun 10 bis 18 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché