21 Feb 2014

Méi wéi e Muséesbuttek

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

D’Mudam Boutique ass eng richteg Minn fir alles, wat d’Häerz begiert: vum faarwege Spillgezei fir Kanner bis bei Bijouen an Design-Produiten, sief et, fir eppes ze verschenken oder sech selwer eppes ze schenken. D’Mudam Boutique ass méi wéi e klassesche Muséesbuttek, net zulescht wéinst sengem kënschtleresche Konzept an der enker Zesummenaarbecht mat Kënschtler an Designer.

Regelméisseg gestalt en neie Kënschtler eng Mauer an der Boutique. Passend dozou gi Postkaarten, Serigraphien oder Publikatioune verkaaft. Am Design Corner ginn ausserdeem dräimol am Joer nei Kreatioune vu jonken Designer virgestallt. Iwwregens: Et kënnt een och ouni Entréesbilljee fir de Musée an d’Boutique eran!

Good Idea : En neie Kannerbicher-Eck bitt originell Publikatioune fir ze liesen an ze spille fir déi Kleng.

Méi wéi e Muséesbuttek


3, Park Dräi Eechelen
L-1499 Luxembourg

 +352 45 37 85 58 0

 boutique@mudam.lu
 
 Méindes, samschdes a sonndes vun 11 bis 18 Auer. Mëttwochs, donneschdes a freides vun 11 bis 20 Auer. Dënschdes ass zou!
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 2 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché