23 Oct 2013

UNE VIE DE MERDE – Vu Pechvullen an anere komesche Kauzen (Comedy)

vun André | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate


A wann een sech och nach sou dru gëtt, et wëll einfach net ëmmer alles riicht gon am Liewen. Natierlech geet et bäi engem méi oft schif wéi bäi deem aneren. Pechvullen begéint een schliisslech iwwerall. Bestëmmt kéint och dir ee Liddchen sangen vun der enger oder anerer peinlecher Situatioun, wou dir iech am léifsten ënner den Äerdbuedem verkroch hätt.

Selwer driwwer laachen kann e meeschtens réischt vill méi spéit, wann iwwerhaapt. Abee, mir invitéieren iech op eng kabarettistesch biographesch Retrospektiv mat skurrilen Situatiounen, aus deene mir alleguer eppes kënne léieren, an zwar: kommt mir huelen eis mol net sou eescht.

De Bënëfiss geet integral un d’Associatioun EBS – Écoles de Brousse au Sénégal, Lëtzebuerg. Informatiounen iwwert EBS fannt dir hei, Détailler zum Programm hei.

Good Idea : Ofwiesslungsräichen Mix aus flotter Musek, Comedy a Sketcher aus der eegener Fieder a vill Spaass, fir e gudden Zweck!

UNE VIE DE MERDE - Vu Pechvullen an anere komesche Kauzen (Comedy)


25, um Knaeppchen
L-9370 Gilsdorf

 +352 691 226 610

 ebs.luxembourg@gmail.com
 
 23.11. um 20 Auer zu Eschdöerf, 1.12. um 17 Auer zu Echternoach, 7.12. um 20 Auer zu Ettelbrèck, 18.1. um 19 Auer zu Veinen
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché