19 Jan 2016

¿Vamos a Barcelona? ¡Vamos a La Boquería!

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Als Gesamtkonschtwierk versteet sech de spuenesche Restaurant um Eck vum Boulevard Kennedy/ Rue Erasme, do, wou Lëtzebuerg am europäeschsten ass. Den Numm ” La Boquería ” verweist op déi grouss Maarthal un den “Ramblas”, déi immens lieweg Akafsstrooss zu Barcelona.

Wien an de Restaurant erakënnt, fillt sech mat engem Schrëtt an déi katalanesch Haaptstad versat: Déi typesch Plättercher, däischtert Holz, héich Plafongen an en dezente Klangteppech aus spuenesche Melodië bestëmmen d’Ambiance, déi trotz allem näischt Folkloristesches huet … Dat authentescht Spuenien-Erliefnis verdanke mer dem Innenarchitekt Lazaro Rosa Violan, dee selwer zu Barcelona wunnt an hei fir déi komplett Bannenariichtung zoustänneg war.

Mee et kënnt nach besser: De Menü gëtt vum spuenesche Starkach Sergi Arola zesummegestallt, deen zu Madrid e Restaurant mat zwee Michelin-Stären huet. Den Arola steet der Equipe vun der Boquería als Beroder zur Verfügung a stëmmt d’Platen openeen of. D’Ingredienten dofir ginn direkt aus Spuenien geliwwert. Wien déi mediterran “Haute Cuisine” wëllt schmaachen, ësst um Rez-de-chaussée, wou Plaz fir bis zu 120 Leit ass. Um éischte Stack ass eng Tapas- a Cocktailsbar. Ausserdeem ass uewen den Accès fir op déi 150 m2 grouss Terrass.

Good Idea : D' Boquería huet och eng kleng Bühn. Reegelméisseg trieden do de Weekend Kënschtler op. Fir all Show gëtt et e spezielle Menü. Dir fannt all d'Infoen op der Internetsäit vum Restaurant.

La Boquería


2, rue Erasme
L-1468 Luxembourg

 +352 26 43 04 32

 reservations@laboqueria.lu
 
 Méindes bis donneschdes vun 12 bis 14.30 a vun 19 bis 1 Auer. Freides a samschdes bis 3 Auer; samschdes just owes.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 1 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché