17 Dec 2015

Wëll an ëmmer mat der Zäit

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Muss ee geckeg sinn, fir eng Konschtgalerie opzemaachen? “Jo- zum Gléck!” ass d’Äntwert vum “Wild Project Gallery”-Chef Renaud Bergonzo, deen zënter Oktober 2014 tëschent Paräis a Lëtzebuerg pendelt. Während seng Paräisser Galerie op Fotografie spezialiséiert ass, soll Lëtzebuerg zu engem Lieu de rencontre mat zäitgenëssescher Konscht iwwer all Genregrenzen ewech ginn.

Déi zwee Stäck an der Louvignysgaass an der Stad verschafen an Zukunft Videokënschtler, Moler, Fotografen, Installatiouns- a Konzeptkënschtler eng Plattform – allkéiers fir eng Dauer vun op d’mannst 6 Wochen. Pro Joer sinn 3 individuell Ausstellungen, eng Ausstellung vu Kënschtler aus engem Gaaschtland an eng kollektiv Ausstellung geplangt. An der kollektiver Ausstellung däerf jeeweils ee Konschtsammler den Dialog mam Publikum sichen a Wierker weisen, déi e begeeschteren. D’Gaaschtlandausstellunge solle virun allem déi kreativ Zeen a méi klenge Länner beliichten, deenen hir Konscht am Ausland bis elo nach net déi Unerkennung fonnt huet, déi se verdéngt.

Déi individuell Ausstellungen si Kënschtler dediéiert, déi um Komme sinn , deenen d’ Wild Project Gallery wëll hëllefen, mat hirer internationaler Carrière richteg duerchzestarten. Wat fir eng Plaz wier dofir méi gëeegent wéi eist klengt Land am Häerz vun Europa mat sengem kosmopoliten an internationale Publikum?

Good Idea : All Kënschtler ass mat Sécherheet eng "Good Idea" fir sech! D'Mataarbechterin Fanny féiert Iech gär duerch d'Galerie an erklaërt Iech déi ausgestallten Aarbechten. Déi aktuell Ausstellunge fannt Dir hei.

Wild Project Gallery


22, rue Louvigny
L-1946 Luxembourg

 +352 26 20 38 92

 fanny@wildprojectgallery.com
 
 Mëttwochs bis freides vun 14.30 bis 18.30 Auer. Samschdes vun 10.30 bis 13.30 a vun 14.30 bis 18.30 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché